Newsletter 72019-03-31Eis aktuell Newsletter mam Aktivitéitsbericht vun 2018 an de Projetë fir 2019 kënnt dir elo mat engem Klick hei noliesen. Newsletter_7.pdf (122 KB) |
Chèque vun den Zéissenger Veräiner: 7 000 EURO!2018-10-31Kierzlech hunn déi Zéissenger Veräiner den Erléis vun hirem Bichermaart (27. & 28. Januar 2018) u verschidden Associatiounen iwwerreecht. Eis Asbl krut e Chèque vu 7 000 EURO! Dëse generéisen Don erméiglecht et eis, fir engersäits der Schoul "Santa Lucia" an der Haaptstaadt Antananarivo hire "Projet de Sécurisation de l'Ecole" (nei Diren, Fënsteren, neien Ustrach) ze ënnerstëtzen, anerersäits dëser Schoul an hire Schüler dat ganzt Schoulmaterial fir d'Rentrée ze finanzéieren. E ganz grousse MERCI den Zéissenger Veräiner fir hire bénévolen Asaz! (Foto: LW/Alain Piron) |