Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

    Actualités


    Projet "Sécurisation de l'Ecole"

    2018-09-28

    An der Schoul "Santa Lucia" an der Haaptstaadt Antananarivo ass de Projet d'Ecole 2017 / 2018, deen eis ASBL integral finanzéiert huet, ofgeschloss. D'Schoul ass méi abrochsëcher gemaach ginn, andeems nei metallen Diren a Fënsteren vun engem lokale Betrib agesat goufen. Ausserdem bleiwen lo d'Klassesäll bei Reestierm drëchen. Virun der Rentrée kritt och d'Fassade nach e neien Ustrach.

    Et ass dem onermiddlechen Asaz vun der Schouldirektesch Voahangy ze verdanken, dass d'Schoul lo fir d'malgache Rentrée Mëtt Oktober net nëmmen e neie Look huet an doduerch méi attraktiv ass, mee virun allem och méi sëcher ass. Lo kënnen d'Bicher an der Schülerbibliothéik stoe bleiwen, an d'Enseignanten brauchen hirt Material net méi all Dag mat heem ze huelen.

    E Merci gëlt och dem Club Soroptimist Tana an der Madame Misa, déi di finanziell Koordinatioun a Kontroll op der Plaz gemaach hunn.

    Dee gréisste Merci gëlt eise Memberen an Donateuren! Ouni Iech all wier dëse Projet net méiglech gewiescht!

    Hei d'Bild-Dokumentatioun vum Projet:




    Zesummenaarbecht mat ADES

    2018-09-25

    D'Zesummenaarbecht mat eisem Schwäizer Partner op Madagaskar ADES (Association pour le Développement de l'Energie Solaire) leeft gutt!
    Malgache Mataarbechter waren an de Schoulen, déi mir ënnerstëtzen, an hunn d'ADES Produits virgestallt, mat deenen d'Schoulkantinnen an d'Eltere vun de Schüler vill Sue spuere kënnen. D'Energiespueriewen OLI si sou gutt isoléiert, dass manner Holz a Kuele gebraucht ginn, fir domatt ze kachen. Doduerch gëtt och manner ofgeholzt, sou dass di malgache Flora a Fauna geschützt gëtt. 
    D'Kanner kruten a Schoulcoursen Villes zu der Solarenergie an zu der eenzegarteger Déieren- a Planzewelt op Madagaskar erklärt. D'Elteren kruten en Informatiounsfilm gewisen an och unhand vun enger Kachdemonstratioun d'Funktionnéiere vun den Energiespueriewen praktesch erkläert.
    Doropshinn hunn 150 Elteren en Uewen bestallt. Si hunn e Beitrag vun 2-3 Euro pro Uewen geleescht (dat ass op Madagaskar 1 Dagesloun), an eis ASBL huet de Rescht finanzéiert.

    Hei e puer Fotoen vun der Présentatioun an der Distributioun vun den ADES Produits:





    Première Précédente Suivante Dernière

    baobabà propos de
    MADAGASCAR
    Madagascar, une île située dans l'Océan Indien, s'étend sur une superficie de 590000 km2. …
    Lire la suite


    » plus de vidéos