Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb
Projets

Bibliothèque scolaire


Bei eisem éischte Projet säit der Grënnung vun eiser Asbl (2014) gung et drëms, eise Partnerschoulen franséisch Kanner- a Schoulbicher ze schécken. Sou hunn d’Schoule no a no eng Schülerbibliothéik opgebaut, déi et den Enseignanten an de Schüler erlaabt, Bicher an der Schoul ze liesen oder auszeléinen a mat heem ze huelen.

2025 gouf an der Enceinte vum Lycée Ambararatabe en neit Bibliothéiksgebai opgeriicht, wou all déi Bicher, déi mir hinne geschéckt hunn, hir Plaz fannen a wou ganz Klasse kënnen hikommen, fir sech ze dokumentéieren an ze schaffen.