Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb
Projets

Projet "Rénovation"

Année: 2021

Nodeems mir 2019 nei Fënsteren an Dieren fir de Rez-de-Chaussée vun der "Ecole Radama Ier" finanzéiert haten, wollte mir ursprünglech net méi weider an dës Schoul investéieren, well se baufälleg war.

Wéi dunn am Joer 202 en neien Direkter d'Schoul iwwerholl a selwer vill an d'Renovatioun investéiert huet, hu mir d'Decisioun getraff, hien dobäi ze ënnerstëtzen. Esou gouf 2021 déi wonnerschéi renovéiert Schoul ageweit, inklusiv Bloc sanitaire, amenagéiertem Schoulhaff a klenger Kantin.

Fir d'Rentrée 2025/2026 ass dunn e weidert Gebai mat 12 Klassesäll a Betrib geholl ginn.

Op dëser Plaz musse mir enger vun eise Memberen besonnesch Merci soe fir hiren enormen Don, mat deem e Groussdeel vun dëser Renovatioun a vun der Annexe konnt finanzéiert ginn.






Projet "Cantine scolaire"

Année: 2021

Mir hunn der Ecole Santa Lucia finanziell gehollef, eng Kantin ze amenagéieren a mat Solarkacher a Kichematerial ze equipéieren. Doniewent bezuele mir de Loun vun 3 Kächinnen an d'Liewensmëttel fir dass 4 Mol an der Woch kënne ronn 200 Kanner gratis eng gesond Moolzecht zerwéiert kréien. D’Schoulkantin ass säit dem 1. März 2021 a Betrib an d'Kiche gouf säitdeem schonn erweidert a "moderniséiert".

Déi formidabel Schouldirektesch Voahangy këmmert sech all Woch perséinlech drëm, Menüen zesummenzestellen an um Maart frëscht Geméis, Fleesch a Fësch ze kafen. De Grosist liwwert haltbar Liewensmëttel wéi Räis, Ueleg,... a grousse Quantitéiten.

Säit dem Joer 2024 bedeelege mir eis och un de Käschte fir ronn 30 Moolzechten an der Ecole Radama Ier. Hei gëtt net op der Plaz gekacht, ma d'Kanner kréien am Iesssall Iessen zerwéiert, dat vu lokale Stroossenhändler geliwwert gëtt.





Projet "E Pak fir den Honger"

Année: 2020

E Pak géint den Honger - Verdeele vun den Iwwerliewenspäck: Dëse Projet ass ganz spontan, aus der Nout eraus, wärend der Pandemie organiséiert ginn.

Wéi déi éischt Leit op Madagaskar u Corona erkrankt sinn, hunn sech déi politesch Responsabel séier fir e Lockdown op der Insel entscheet. Op d'Nofro vun eiser Asbl Ufank Juni un eis Partnerschoulen, wéi mir si an dëser Zäit kéinten ënnerstëtzen, koum den Hëllefsruff no Grondliewensmëttel fir d'Famillen vun de Schüler an Enseignanten. Well vill Leit keen Akommes méi haten, huet et hinnen séier u Liewensmëttel gefeelt an d'Leit hunn Honger gelidden.
Mir hunn e Spendenopruff bei eise Membere gemaach a konnten insgesamt 400 Iwwerliewenspäck mat follgendem Inhalt an de Schoulen Santa Lucia, Mahery Manjaka an Ilanivato verdeelen:
1 Sak Holzkuelen, 1 Sak Räis (50kg), 3 Päck Nuddelen, 5 kg Zocker, 5 Liter Ueleg fir ze kachen, 1 kg Salz, 3 Béchse Kondensmëllech, 4 Stécker Seef
E grousse Merci geet hei un eis Partner vum Club Soroptimist Mandriosoa vun Antananarivo fir déi gutt Organisatioun (Besuerge vun de Liewensmëttel a Verdeelen ënner Anhale vun de Covid-Mesuren)





Projet "Electrification"

Année: 2019

Well et bis 2019 am Lycée d'Enseignement Général d'Ambararatabe keng elektresch Installatioun gouf, huet den Unterrecht am Wanter mussen éischter ophalen, well et an de Klassesäll ze däischter war fir Cours ze halen.

Eis Asbl huet dem ëffentleche Lycée déi finanziell Mëttel ginn, fir dat néidegt Material ze kafen, fir d'Klassesäll mat elektreschem Liicht ze equipéieren.De Physiksprofesser aus der Schoul huet zesumme mat senge Schüler vun der Première D Weekender laang un der Installatioun geschafft. An de Klassesäll goufe Kabele gezunn a Fassunge mat Biren ubruecht an um Daach Photovoltaik-Panneauen opgeriicht.Säitdeem kann am Wanter owes esou laang an der Schoul geschafft ginn ewéi am Summer.






Projet "Bloc sanitaire"

Année: 2019

An der Ecole Santa Lucia goufen et bis an d'Joer 2019 guer keng Toiletten. Mir hunn duerfir proposéiert, e Bloc sanitaire am Haff bauen ze loossen, mat e puer Toiletten a Lavaboen.

Well et op Madagaskar vill Coupuren vu Waasser a Stroum gëtt, war de Bloc sanitaire net ëmmer mat Waasser versuergt. Aus deem Grond huet eis Asbl am Joer 2023 e Waassertank mat Pompel installéiere gelooss. D'Waasser, wat an den Tank gepompelt gëtt, kann am Fall vun enger Coupure fir d'Spulle vun den Toilette genotzt ginn.






Projet "Sécurisation de l'Ecole"

Année: 2018

An der Schoul "Santa Lucia" an der Haaptstaadt Antananarivo ass de Projet d'Ecole 2017/2018, deen eis ASBL integral finanzéiert huet, ofgeschloss. D'Schoul ass méi abrochsécher gemaach ginn, andeems nei metallen Diren a Fënsteren vun engem lokale Betrib agesat goufen. Ausserdem bleiwen lo d'Klassesäll bei Reestierm drëchen. Virun der Rentrée kritt och d'Fassade nach e neien Ustrach.

Et ass dem onermiddlechen Asaz vun der Schouldirektesch Voahangy ze verdanken, dass d'Schoul lo fir d'malgache Rentrée Mëtt Oktober net nëmmen e neie Look huet an doduerch méi attraktiv ass, mee virun allem och méi sëcher ass. Lo kënnen d'Bicher an der Schülerbibliothéik stoe bleiwen, an d'Enseignanten brauchen hirt Material net méi all Dag mat heem ze huelen.

No an no goufen dunn an den nächste Joren nach eenzel Klassesäll renovéiert an den Haff amenagéiert. Hei war virdru just gestanzte Buedem, dee bei Reen rutscheg war. Ausserdeem war et dat ganzt Joer iwwer schwiereg, d'Klassesäll propper ze halen, well d'Schüler de Stëbs respektiv de Bulli mat erageschleeft hunn.






Projet "Terrain de Sport"

Année: 2018

Am “Lycée Général d’Ambararatabe” ass am Joer 2018 no 1 Joer Aarbecht de Sportsterrain fäerdeg! Dat ganzt Duerf huet bei der Realisatioun vun dësem Projet matgehollef. Eis Asbl huet dat ganzt Material an all d’Aarbechte finanzéiert, déi néideg waren. Vun dësem Terrain profitéieren net nëmmen d’Schüler an d’Enseignanten aus dem Lycée, mee all d’Leit aus där klenger Stad (3 000 Aw.) Den Terrain ass kuerz no der Schoulrentrée feierlech ageweit ginn, an de malgachen Educatiounsministère huet dem Lycée 2 weider Enseignanten an 100 Schoulbänken accordéiert.

Well sech ëmmer nees Zebuen op den Terrain veriert hunn, hu mir am Joer 2024 eng laang Mauer ronderëm déi ganz Enceinte vum Lycée baue gelooss. Och hei hu mir d'Material an den Transport dovu finanzéiert an d'Awunner aus dem Duerf hunn zesummen d'Mauer gebaut.






Projet "Couture"

Année: 2018

An der Schoul “Santa Lucia” leeft säit der Rentrée 2018/2019 de “Projet Couture”. Eis Asbl finanzéiert all d’Material, wat gebraucht gëtt (Bitzmaschinnen, Stoff, …) a war an der Haaptstad d’Material zesumme mat der Directrice kafen. D’Schoul huet eng Damm agestallt, déi de Meedercher d’Grondkenntnisser an der Couture bäibréngt. Si bitzen an hire Bitzcoursen d’Schouluniformen an d’Sports-Tenuen, déi all Schüler brauch. Sou hunn dës Meedercher eng minimal berufflech Ausbildung, mat där si sech als “Couturière” hiert Akommes selwer verdénge kënnen, wann si eventuell d’Schoul aus diversen Ursaache mussen ofbriechen.