Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

    Actualités


    Schoulmaterial fir d'Rentrée 2019

    2019-11-07

    Nodeems d'Rentrée op Madagaskar dëst Joer no hanne verréckelt gouf, huet d'Schouljoer 2019/2020 den 28.Oktober offiziell ugefaangen. Och an deene 5 Schoulen, déi eis Asbl ënnerstëtzt, gouf de Schoulbetrieb erëm opgeholl.
    Wéi schonn an deene leschte Joren, hu mir och 2019 Schoulmaterial am Wert vu bal 23'800'000 Ariary (5850€) fir knapp 700 Kanner finanzéiert. Dat bedeit fir d'Elteren vun deene Schüler eng grouss finanziell Entlaaschtung.
    E grousse MERCI wëlle mir all eisen Donateure soen, déi dat méiglech maachen an dëst Joer och eisem neie Partner, der Fondation Majany.
    Ce projet a été réalisé avec le soutien du Fonds Majany, géré par la Fondation Roi Baudouin.





    Nei Tenuen fir d'Schüler vun der Ecole Mahery Manjaka

    2019-11-02

    Op Madagaskar brauchen d'Schüler 3 verschidden Tenuen an hierem Schoulalldag. Si hunn eng eenheetlech Uniform, déi si allerdéngs net all Dag unhunn, e Schiertech an eng Sportstenue. Fir d'Elteren ass d'Uschafen vun deene Kleeder eng zousätzlech Laascht, déi  niewent dem "droit d'inscription" an dem Schoulgeld (10 Méint pro Joer) muss gestemmt ginn.
    Eis Asbl huet de Schüler vun der Ecole Mahery Manjaka fir d'Rentrée 2019 dës Tenuen finanzéiert. Doduerch brauchen d'Elteren net dofir opzekommen an d'Schoul kann hinnen zousätzlech den "droit d'inscription" ëm zwee Drëttel reduzéieren. Dat ass fir d'Elteren eng grouss Erliichterung a gëtt méi Kanner d'Méiglechkeet fir an d'Schoul ze goen.





    Première Précédente Suivante Dernière

    baobabà propos de
    MADAGASCAR
    Madagascar, une île située dans l'Océan Indien, s'étend sur une superficie de 590000 km2. …
    Lire la suite


    » plus de vidéos