“Défi” vum Emma a Stefania (LAML)2019-12-01Um 1. Advents-Weekend hunn zwou 7e Schülerinnen aus dem Lycée Aline Mayrisch (LAML), zu Bartréng um Chrëschtmaart em di 50 Tuten mat selwergebake Kichelcher verkaaft. Dës super Aktioun hu si am Kader vun hirem “Défi” réaliséiert. All 7e Schüler am LAML kann sech tëschent Oktober bis Mee en Défi setzen, dh versichen en Zil ze erreechen, wat si sech selwer setzen.
Méi Informatiounen zum Projet “Défi” fannt Dir via dëse Link:
D’Emma an d’Stefania hu sech drun erënnert, dass si schonn zweemol mat hirer Klass an der Bartrénger Primärschoul Kuch asw verkaaft, an den Erléis vun däer Aktioun eiser Asbl zoukomme gelooss haten. Dofir hu si sech och fir hiren Défi als 7e Schüler d’Zil gesat, eis Asbl mam Erléis vun hirer Aktioun ze ënnerstëtzen.
Hiren Défi hu si exemplaresch gemeeschtert: iwwer 400 EURO hu si zu Bartréng um Chrëschtmaart gesammelt!
Dës Suen wäerte mir asetzen, fir der Schoul "Santa Lucia" zu Antananarivo ze hëllefen, hiert Schoulgebei nach méi sécher ze maachen, andeems d’Mauer ronderem d’Schoul nei opgeriicht gëtt an eng stabil Paart drakënnt, déi ee kann zouspären.
Emma a Stefania, MERCI a BRAVO fir är Aktioun! |
Schoulmaterial fir d'Rentrée 20192019-11-10Den 28. Oktober huet d'Schouljoer 2019/2020 op Madagaskar offiziell ugefaangen. Och an deene 5 Schoulen, déi eis Asbl ënnerstëtzt, gouf de Schoulbetrieb erëm opgeholl. Wéi schonn an deene leschte Joren, hu mir och 2019 Schoulmaterial am Wert vu bal 23'800'000 Ariary (5850€) fir knapp 700 Kanner finanzéiert. Dat bedeit fir d'Eltere vun deene Schüler eng grouss finanziell Entlaaschtung. En décke MERCI un all eis Donateuren, ouni déi mir dat net realiséiere kéinten, an dëst Joer och un eisen neie Partner, d'Fondation Majany, déi sech engagéiert huet, eis 5 Schoulen während 3 Joer ze ënnerstëtzen. Ce projet a été réalisé avec le soutien du Fonds Majany, géré par la Fondation Roi Baudouin. |