Kantin an der Ecole Santa Lucia2021-10-06Mat der Schoulrentrée op Madagaskar gouf an der “Ecole Santa Lucia” och d’Kantin nees a Betrib geholl! D’Schüler, hir Famillen, d'Kächinnen an d’Schoulpersonal sinn immens frou an dankbar, dass si grad lo -an Zäite vu Pandemie an Hongersnout- all Schouldag eng waarm Moolzecht offréiert kréien!!! Doduerch sinn d'Motivatioun an d'Disziplin, fir all Dag an d’Schoul ze goen an do säi Bescht ze ginn, nach méi grouss. Dat rapportéieren eis déi engagéiert Schouldirektesch an déi äifreg Dammen vum "Club Soroptimist Antananarivo" (eis Partner op der Plaz) ëmmer erëm. D’Präisser fir d’Grondliewensmëttel sinn op Madagaskar immens an d’Luucht gaangen, den Import vu Liewensmëttel ass ëmmer nach schwiereg op der Insel, déi malgache Recolten sinn wéinst der Dréchent ganz moer ausgefall. Et ass super, dass “eis” malgache Schoulen sech trotz, oder vläicht grad wéinst Corona, op eis Donateure verloosse kënnen! MERCI, dass si net vergiess sinn! MERCI fir Är wäertvoll Ënnerstëtzung! |