Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

De Bloc sanitaire ass fäerdeg

2019-10-19

Déi Responsabel vun der Ecole Santa Lucia aus der madagassescher Haaptstad hunn dës Woch voller Freed matgedeelt, dass de Bloc sanitaire, deen eis Asbl finanzéiert huet, fäerdeggestallt gouf. D'Schüler an d'Enseignanten hunn elo 3 Toiletten, en Urinoir an 2 Lavaboen zur Verfügung. Virum Bau vun dësem Bloc hat d'Schoul keng Sanitäranlag fir hier Schüler.

D'Directioun vun der Schoul ass esou houfreg an dankbar fir déi nei Infrastruktur, dass si no der Fäerdegstellung eng kleng Aweiungsfeier organiséiert huet. A Präsenz vun 3 Dammen vum Club Soroptimist Antananarivo, eisem Partner op Madagaskar, hunn si eng kleng (provisoresch) Plackett mam Logo vun eiser Asbl opgehaangen.

En décke MERCI un all eis Donateuren, ouni déi mir sou wichteg Projeten net kéinte realiséieren!