Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

500 Euro vun der FGIL !!!

2018-05-11

Den 1. Mäerz 2018 huet de Kabaretsensembel "Peffermillchen" eng läscht Viirstellung am Keller vun der Gemeng Weiler-la-Tour ginn. D'FGIL (Fédération Générale des Instituteurs Luxembourgeois) hat eng Këscht opgestallt, wou d'Leit konnten e klengen Don draleën, a si huet iwwert d'Projetën vun eiser Asbl informéiert.

Sou koumen 500 EURO deen Owend zesummen! Mir soen der FGIL, fgil@rts an dem Initiator vun dëser Aktioun, dem Änder Glodt, e ganz häerzleche MERCI fir dës spontan finanziell Hëllef!

Fir den Artikel dozou ze liesen, deen am SEW Journal (Juni 2018) ze fannen ass, einfach op de PDF-Link klicken: