Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

AKTIOUN: E Pak géint den Honger

2020-06-25

Och op Madagaskar bereet sech de Coronavirus säit enger Zäit aus an d'Zuel vun den Infizéierten klëmmt vun Dag zu Dag. D'Schoule sinn - ausser fir d'Ofschlossklassen - zou. Wéinst dem "Lockdown" (Verbuet vu Mäert, ganz ageschränkten Aarbechtszäiten, Ausgangsspären...) hu vill Malgachen keen Akommes méi a leiden Honger, well et hinnen u Grondnahrungsmëttel feelt.

Eis Asbl hëlleft de Schoulkanner an den Enseignanten andeems si hier Famillen mat liewenswichtegen Nahrungsmëttel versuergt.

D'Detailer zu eiser Aktioun "E Pak géint den Honger" a wéi Dir eis ënnerstëtze kënnt, fannt Dir an der Newsletter am Unhang.