Verdeelung vun 31 weideren Iwwerliewenspäck2020-11-02E Samschdeg, den 31. Oktober 2020, hunn d'Soroptimisten vun Antananarivo weider 31 Iwwerliewenspäck verdeelt, déi eis Asbl finanzéiert huet. Dës Kéier hu mir de Famillen vun de Schüler an Enseignanten aus der Ecole Mahery Manjaka gehollef, déi nach un de Folgen vum laange Lockdown op Madagaskar leiden. D'Eltere brauchen ee gudde Mount laang net selwer fir d'Grondliewensmëttel opzekommen a kréien och d'Schoulmaterial fir hir Kanner finanzéiert. Dëst gëtt enger Rei Famillen d'Méiglechkeet, d'Schoulgeld fir hir Kanner opzebréngen an se weiderhin an d'Schoul ze schécken. E grousse MERCI am Numm vun den Elteren, de Soroptimisten vun Tana a vun eiser Asbl un all d'Donateuren, déi dës Aktioun méiglech gemaach hunn. |