Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

Chèque-Iwwerreechung an der Käercher Schoul

2024-07-20

Den 8. Juli 2024 waren d'Christiane an d'Sandra op Käerch, fir de Schüler eis Asbl an eis Aarbecht op Madagaskar virzestellen.
D'Kanner aus der Käercher Schoul hate fir hire leschte Chrëschtmaart vill gebastelt, gemoolt a gebak. Si konnten esou 1500€ sammelen, déi si eiser Asbl spenden, fir esou eis Partnerschoulen op Madagaskar an hir Schüler ze ënnerstëtzen.
E grousse MERCI alle Kanner an Enseignanten aus der Käercher Schoul fir hire generéisen Don!