| Rentrée an der Ecole FJKM Ilanivato Misionera2020-10-10
Och an der Ecole FJKM Ilanivato Misionera, war dës Woch Schoulrentrée.
D'Primärschoul an engem aarme Quartier am Süden vun der Haaptstad Antananarivo zielt gutt 300 Schüler an 10 Enseignanten. Si hunn sech dëst Joer fir d'éischte Kéier kënnen iwwert Schoulmaterial freeën, wat hinnen vun eiser Asbl finanzéiert gouf. D'Freed an d'Dankbarkeet waren deementspriechend grouss.
Eis Partner vum Club Soroptimist vun Tana hunn eis am Juli 2020 op d'Nout vun de Famillen an dësem Quartier opmierksam gemaach, wou vill Leit wärend dem Lockdown keen Akommes haten an Honger gelidden hunn.
Den 1. August hu mir am Kader vun eiser Aktioun "E Pak géint den Honger" Iwwerliewenspäck un d'Famillen vun alle Schüler an Enseignanten vun der Ecole Ilanivato verdeelt. Nodeems dës Aktioun vun der Schouldirektioun an Zesummenaarbecht mat den Dammen vum Club Soroptimist esou gutt organiséiert gouf, hu mir entscheed, der Schoul a virun Allem de Famillen vun hire Schüler weiderhin ze hëllefen, andeems mir hinnen d'Schoulmaterial finanzéieren.
E grousse Merci un all eis Donateuren, ouni déi et eis net méiglech wier, eng weider Schoul op Madagaskar ze ënnerstëtzen!
|