Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

Aktuell Situatioun op Madagaskar

2021-05-15

D’Situatioun op Madagaskar an eise Schoulen ass covid-bedéngt schwiereg. Opgrond vun de villen Infektiounen (süd-afrikanesch Variant) ass d’Ouschtervakanz op Mada bis den 3. Mee 2021 verlängert ginn. Duerno sinn d’Coursen just weidergelaf fir d’Examensklassen, déi de 6. Juli 2021 landeswäit hir Passage-Examen fir an de Lycée maachen. All déi aner Kanner hu keng Schoul a kréie vereenzelt Aufgaben doheem ze maachen, wann hir Elteren d’Saachen an d’Schoul siche ginn. Vill Regiounen sinn an engem komplette Lockdown. An der Haaptstad Tana ginn et vill Restriktiounen.


Eis Kantin an der Schoul “Santa Lucia” zu Tana funktionéiert ganz gutt fir déi puer Schoulklassen, déi aktuell an d’Schoul dierfe goen. Awer nëmmen, wann d’Säll reegelméisseg desinfizéiert ginn (zB. mam Produit VIROCID) a wann d’Hänn am “bloc sanitaire”, deen eis Asbl baue gelooss huet, gewäsch an desinfizéiert ginn.
 
Eis Asbl huet de Schoulen d’Desinfektiounsmëttel finanzéiert fir hinnen et ze erlaben, dass d’Kantin an d'Examensklassen dierfe weider funktionéieren. 
D'Hongersnout ass an der Haaptstad manner dramatesch wéi am Süden vun der Insel, awer d’Famille vun eise Schüler hu Schwieregkeeten, iwwert d’Ronnen ze kommen, well och d’Präisser fir d’Liewensmëttel drastesch an d’Luucht goungen, an zäitgläich vill Elteren hir Aarbecht verluer hunn. 
D’Kantin an oppe Schoulen sinn dofir ëmsou méi wichteg!
 
Déi medezinesch Versuergung op Mada brécht komplett zesummen: keng Plaz an de Kliniken, ze wéineg Personal, ze wéineg Beootmungsapparater, Sauerstoff, Medikamenter. Endlech ass den 8. Mee och ee Vaccin op Madagaskar ukomm: 250 000 Dosissen “Covishield”… bei 26 Mio Awunner…. Mee ëmmerhin: en Hoffnungsschimmer.
 
Mat Ärer Hëllef ënnerstëtze mir eis malgache Schoulen sou effikass, wéi et eis Mëttel zouloossen a loosse si grad elo net eleng!
 
MERCI fir all Ënnerstëtzung!