2252 Euro vun de Bartrénger Schoulkanner!2019-05-26D'Schoulkanner aus dem Cycle 4 vu Bartréng hunn an de Pause Kuch verkaaft fir 1 Euro d'Stéck. Si hunn op déi Manéier déi formidabel Zomm vun 2252 Euro gesammelt, déi si un eis Asbl spenden! D'Christiane Gros war dës Woch op Bartreng fir de Schüler en Abléck an d'Geographie vu Madagaskar souwéi an d'Liewensweis an déi zum Deel ganz schwiereg Liewensëmstänn op der Insel ze ginn. Si kruten och d'Aarbecht vun eiser Asbl virgestallt an erkläert, wéi si mat hierer Spend Schoulen op Madagaskar ënnerstëtzen an esou madagassesche Schüler eng besser Chance op eng schoulesch Ausbildung ginn. E grousse MERCI un all Schüler aus dem Cycle 4 vu Bartreng, d'Elteren an d'Enseignanten fir hier Ënnerstëtzung! |