| E Pak géint den Honger: Verdeele vu weideren Iwwerliewenspäck2020-08-02
Dëse Samschdeg, 1. August 2020, konnten endlech weider Iwwerliewenspäck un 253 Famillen verdeelt ginn. Well d'Regioun ëm d'Haaptstad Antananarivo an engem 2. Lockdown war an e Versammlungsverbuet gegollt huet, war dat leider net éischter méiglech.
Wéi schonn am Juli ugekënnegt, hu mir dës Kéier d'Famillen vun den 305 Schüler (3-12 Joer) an den Enseignanten aus enger Schoul ënnerstëtzt, mat där mir bis elo nach net zesummegeschafft hunn. Et handelt sech ëm d'Primärschoul Sekoly FJKM Ilanivato aus dem Quartier Ilanivato am 4. Arrondissement vun Antananarivo, engem sozial defavoriséierte Milieu. D'Schoul huet 7 Klassen vu Spillschoul bis 7e.
D'Soroptimisten vun Antananarivo, eis Partner op Madagaskar, hunn dës Schoul an deene leschte Joren schonn e puer Mol ënnerstëtzt an hunn eis op d'Nout vun de Famillen opmierksam gemaach. Vill Familljepappen schaffen um Bau an haten e puer Méint keen Akommes.
Wéi schonn an der Ecole Santa Lucia viru 5 Wochen, hunn d'Damen vun Club Soroptimist Antananarivo och dës Kéier eng wonnerbar Organisatiounsaarbecht geleescht fir all d'Liewensmëttel ze beschafen an ënner Anhalen vun de sanitäre Mesuren un déi 253 Famillen ze verdeelen.
D'Iwwerliewenspäck, déi un d'Famille verdeelt goufen a mat deenen si ongeféier ee Mount kënne liewen, hu Folgendes enthalen:
25kg Räis, 5l Ueleg, 5kg Zocker, 2 Dousen Puddermëllech, 2,5kg Nuddelen, 4kg gedréchent Geméis (Ierzen, Lënsen, Bounen), 2kg Seef an 1 Dous "Baume Fosa" (eng Crème, déi op Madagaskar entwéckelt gouf an déi d'Malgachen präventiv géint de Coronavirus benotzen, well se d'Immunsystem vun der Nuesschläimhaut an d'Otemweeër soll stäerken).
Doniewent huet eis Asbl der Schoul 25l Désinfectant zoukomme gelooss.
Mir soen e grousse MERCI dem Club Soroptimist Antananarivo an all eisen Donateuren, ouni déi dës Aktioun net méiglech gewiescht wier.
An der Galerie gesitt Dir d'Fotoen vun der Verdeelung. Uewendriwwer fannt Dir e Link, wou Dir Iech e Reportage zu der Aktioun op enger malgacher Televisiounschaîne kënnt eroflueden.
|