Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

Schoulmaterial fir d'Rentrée 2019

2019-11-10

Den 28. Oktober huet d'Schouljoer 2019/2020 op Madagaskar offiziell ugefaangen. Och an deene 5 Schoulen, déi eis Asbl ënnerstëtzt, gouf de Schoulbetrieb erëm opgeholl.
Wéi schonn an deene leschte Joren, hu mir och 2019 Schoulmaterial am Wert vu bal 23'800'000 Ariary (5850€) fir knapp 700 Kanner finanzéiert. Dat bedeit fir d'Eltere vun deene Schüler eng grouss finanziell Entlaaschtung.
En décke MERCI un all eis Donateuren, ouni déi mir dat net realiséiere kéinten, an dëst Joer och un eisen neie Partner, d'Fondation Majany, déi sech engagéiert huet, eis 5 Schoulen während 3 Joer ze ënnerstëtzen.

Ce projet a été réalisé avec le soutien du Fonds Majany, géré par la Fondation Roi Baudouin.