Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

Kannernomëtteg mam Betsy Dentzer (1. Juli 2017)

2017-06-09

De Soroptimist Club Minett organiséiert den 1. Juli 2017 ab 14.45 Auer e Kannernomëtteg am Beetebuerger Schlass. Niewt Floumaart fir Kanner, Virwëtztuten, Geschneeks a Gedrénks steet als "Highlight" en Optrëtt vum Betsy Dentzer (15.30 Auer) um Programm. Hatt erzielt Geschichten "Vu Schniewelen a Schnuffen" fir Kanner ab 5 Joer.
Den Entrée ass GRATIS, a wee wëll kann der asbl E PAK FIR MADAGASKAR e klengen Don maachen.

Fir méi Informatiounen: de PDF uklicken.