Waarm Kleeder fir 3 malgache Schoulen2021-09-23Nodeems d'Directrice aus der Ecole Santa Lucia eis virun e puer Wochen drop opmierksam gemaach huet, dass et ville vun hire Schüler an den ongehëtzte Klassesäll am malgasche Wanter (Juni - August) immens kal ass, well si keng waarm Kleeder hunn, waren eng Rei vun eise Memberen op eis geziilt Demande hin spontan bereet, waarmt Gezei, wat hire Kanner ze kleng ginn ass, ze spenden. Innerhalb vun e puer Deeg huet sech dem Nadine seng Garage mat Kierf voll Pulloveren, Jacketten, Händschen, Schalen, Mutzen, Strëmp, Schong a laang Boxen gutt gefëllt.
Nodeems den Tri gemaach war, goufen 343kg Gezei an 19 Këschte gefëllt a bei DHL op Tréier gefouert, wou se hir Rees vu gutt 5 Wochen op Madagaskar ugetrueden hunn.
8 Këschten waren un d'Ecole Santa Lucia adresséiert an och d'Ecole Ilanivato an engem Aarmevéirel vun Antananarivo wäert 80kg Gezei kënnen un hir Schüler verdeelen. Wéi dir op de Fotoe gesitt, war d'Freed iwwert déi 7 Këschten nei Kleeder och bei de Schüler vum Lycée Ambararatabe ganz grouss.
E grousse MERCI un all Frënn a Memberen, déi Gezei gespend hunn; un déi 3 fläisseg Dammen fir d'Pake vun de Këschten an un de Charel, dee mat Auto an Unhänger ugetrueden ass fir déi 12Këschten mam Nadine zesummen op Tréier ze féieren.
|