Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

Chèque vun den Zéissenger Veräiner: 7 000 EURO!

2018-10-31

Kierzlech hunn déi Zéissenger Veräiner den Erléis vun hirem Bichermaart (27. & 28. Januar 2018) u verschidden Associatiounen iwwerreecht. Eis Asbl krut e Chèque vu 7 000 EURO!
Dëse generéisen Don erméiglecht et eis, fir engersäits der Schoul "Santa Lucia" an der Haaptstaadt Antananarivo hire "Projet de Sécurisation de l'Ecole" (nei Diren, Fënsteren, neien Ustrach) ze ënnerstëtzen, anerersäits dëser Schoul an hire Schüler dat ganzt Schoulmaterial fir d'Rentrée ze finanzéieren.

E ganz grousse MERCI den Zéissenger Veräiner fir hire bénévolen Asaz!

(Foto: LW/Alain Piron)