Nei Tenuen fir d'Schüler vun der Ecole Mahery Manjaka2019-11-02Op Madagaskar brauchen d'Schüler 3 verschidden Tenuen an hierem Schoulalldag. Si hunn eng eenheetlech Uniform, déi si allerdéngs net all Dag unhunn, e Schiertech an eng Sportstenue. Fir d'Elteren ass d'Uschafen vun deene Kleeder eng zousätzlech Laascht, déi niewent dem "droit d'inscription" an dem Schoulgeld (10 Méint pro Joer) muss gestemmt ginn. Eis Asbl huet de Schüler vun der Ecole Mahery Manjaka fir d'Rentrée 2019 dës Tenuen finanzéiert. Doduerch brauchen d'Elteren net dofir opzekommen an d'Schoul kann hinnen zousätzlech den "droit d'inscription" ëm zwee Drëttel reduzéieren. Dat ass fir d'Elteren eng grouss Erliichterung a gëtt méi Kanner d'Méiglechkeet fir an d'Schoul ze goen. |