News vu Madagaskar2022-02-23Madagaskar ass wéi ganz vill Länner zolidd vun der Pandemie getraff ginn: vill Infizéierter an Doudeger, vun den 22 Mio Awunner si réischt 1 Mio geimpft. Dobäi kënnt eng immens Hausse vun de Präisser, och op de Grondnahrungsmëttel, um Uebst a Geméis. Fir kënnen ze garantéieren, dass all Schoulkand an der Schoul Santa Lucia weiderhin eng narhaft gratis Moolzecht kritt, hu mir de Budget fir de Projet Kantin eropgesat. Dat ass Dank der Ënnerstëtzung vun eisen Donateuren méiglech, MERCI!
Lo ass haut den 3. Zyklon a kuerzen Ofstänn iwwert d‘Insel gejot, huet fir immens Schied un den Haiser, Stroossen a Brécke a virun allem fir Iwwerschwemmunge gesuergt. Vill Malgachen hunn dat bëssen, wat si haten, verluer. Déi puer Transportweeër sinn zerstéiert. Vill Schoulen sinn zou, well d‘Gebeier entweder gebraucht ginn, fir de Leit en Daach iwwert dem Kapp ze ginn, oder, well d‘Kanner net um gewinnte Schoulwee zu Fouss wéinst de futtisse Stroossen oder iwwerschwemmte Felder an d‘Schoul kënne kommen.
Déi Schoulen, déi mir ënnerstëtzen, funktionéieren nach ëmmer a sinn net schlëmm vun den Onwieder beschiedegt ginn, well virun allem de Südosten vun der Insel getraff gouf, an net d‘Haaptstaadt, wou eis Schoule sinn. Mee d’Auswierkungen vu Pandemie a Naturkatastroph sinn och an dëse Schoulen ze spieren. Mir maachen als Asbl, wat mir mat eise Moyene à distance kënne maachen, a loossen eis malgache Partner net am Stach.
Ganz houfreg si mir drop, dass mir et trotz de schwieregen Ëmstänn fäerdeg bruecht hunn, dass eng Schoul wärend dësem Schouljoer komplett renovéiert gëtt an am September wäert kënnen hir Dieren opmaachen! Des Renovatioun ass nëmme méiglech duerch een immens generéisen Don vun engem vun eise Memberen, deen awer anonym wëll bleiwen! Een Hoffnungsschimmer an dëse schwieregen Zäiten fir Madagaskar. MERCI am Numm vun de malgache Schoulkanner an Enseignanten!
|