Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

3. Phase vun den Aarbechten um Bloc sanitaire (Ecole Santa Lucia)

2019-08-05

D'Aarbechten um Bloc sanitaire vun der Ecole Santa Lucia sinn an deene leschte Wochen erëm richteg virugaangen. D'Mauere si fäerdeg eropgebaut ginn an et koum en Daach op de Bau. Uschléissend goufen d'Wänn beworf an de d'Gebai gesäit elo scho richteg gutt aus. Am Moment gi bannen am Bloc sanitaire d'Tëschewänne eropgezunn esou dass 3 Toilettekabinnen entstinn.