Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

Schoulmaterial fir d'Rentrée 2019

2019-11-07

Nodeems d'Rentrée op Madagaskar dëst Joer no hanne verréckelt gouf, huet d'Schouljoer 2019/2020 den 28.Oktober offiziell ugefaangen. Och an deene 5 Schoulen, déi eis Asbl ënnerstëtzt, gouf de Schoulbetrieb erëm opgeholl.
Wéi schonn an deene leschte Joren, hu mir och 2019 Schoulmaterial am Wert vu bal 23'800'000 Ariary (5850€) fir knapp 700 Kanner finanzéiert. Dat bedeit fir d'Elteren vun deene Schüler eng grouss finanziell Entlaaschtung.
E grousse MERCI wëlle mir all eisen Donateure soen, déi dat méiglech maachen an dëst Joer och eisem neie Partner, der Fondation Majany.
Ce projet a été réalisé avec le soutien du Fonds Majany, géré par la Fondation Roi Baudouin.