| E Pak géint den Honger: Verdeele vun den Iwwerliewenspäck2020-07-17
Wéi déi éischt Leit op Madagaskar u Corona erkrankt sinn, hunn sech déi politesch Responsabel séier fir e Lockdown op der Insel entscheet. Op d'Nofro vun eiser Asbl Ufank Juni un eis Partnerschoulen, wéi mir si an dëser Zäit kéinten ënnerstëtzen, koum den Hëllefsruff no Grondnahrungsmëttel fir d'Famillen vun de Schüler an Enseignanten. Well vill Leit keen Akommes méi haten, huet et hinnen séier u Liewensmëttel gefeelt an d'Leit hunn Honger gelidden.
Eis Asbl huet a kuerzer Zäit d'Aktioun "E Pak géint den Honger" gestart. Parallel zum Spendenopruff un eis Memberen a via Facebook, hu mir mat eise Partner op der Insel, dem Club Soroptimist Antananarivo an de Responsabelen vun der Ecole Santa Lucia, d'Beschafe vun de Liewensmëttel bei engem Grousshändler an d'Verdeelen vun den Iwwerliewenspäck un d'Famillen organiséiert.
Samschdes, de 27. Juni goufen déi éischt 115 Iwwerliewenspäck un d'Elteren vun de Schüler an un d'Enseignanten vun der Ecole Santa Lucia verdeelt. D'Soroptimisten an d'Schouldirektioun hunn eng wonnerbar Organisatiounsaarbecht geleescht, sou dass ënner Anhalen vun de Covid-Mesuren (Distanz halen, Mask droen, Hänn desinfizéieren...) jiddereng vun den 115 Famillen
1 Sak Holzkuelen
1 Sak Räis (50kg)
3 Päck Nuddelen
5 kg Zocker
5 Liter Ueleg fir ze kachen
1 kg Salz
3 Béchsen Kondensmëllech
4 Stécker Seef
mat heem huele konnt. D'Soroptimisten hu bericht, dass d'Famillen sech immens erliichtert an dankbar gewisen hunn.
De Club Soroptimist huet eis op eng weider Schoul opmierksam gemaach, wou d'Famillen vun insgesamt 305 Schüler an 10 Enseignanten dringend op Hëllef ugewise sinn. Eis Asbl huet decidéiert, 258 weider Iwwerliewenspäck fir dës Famillen ze finanzéieren an d'Organisatioun dovunner ass aktuell um Lafen.
Leider koumen d'lescht Woch schlecht Nouvellen vu Madagaskar: Nodeems d'Covid-Restrictiounen an de leschte Wochen gelackert goufen, ass d'Regioun Analamanga, zu där och d'Haaptstad Antananarivo gehéiert, säit dem 6. Juli erëm am Lockdown, well d'Unzuel vu COVID-Kranker an -Doudeger an de leschte Wochen extrem an d'Luucht goung.
Mir soen all eise Memberen e GROUSSE MERCI fir déi vill generéis Donen.
Dank iech all ass et eiser Asbl och an den nächste Wochen a Méint méiglech, weider Famillen mat Iwwerliewenspäck ze versuergen an hinnen duerch déi schwéier Zäit ze hëllefen.
|