Elektresch Installatioun am Lycée d'Ambararatabe2019-07-08Well et bis elo am Lycée d'Enseignement Général d'Ambararatabe keng elektresch Installatioun gouf, huet den Unterricht am Wanter mussen éischter ophalen, well et an de Klassesäll ze däischter war fir Cours ze halen. Eis Asbl huet dem ëffentleche Lycée dëst Joer déi finanziell Mëttel ginn, fir dat néidegt Material ze kafen, fir d'Klassesäll mat elektreschem Liicht ze équippéieren. De Physiksprofesser aus der Schoul huet zesumme mat senge Schüler vun der Première D Weekender laang un der Installatioun geschafft. An de Klassesäll goufe Kabele gezunn a Fassungen mat Bieren ubruecht an um Daach Photovoltaik-Panneauen opgeriicht. Ab elo kann am Wanter owes esou laang an der Schoul geschafft ginn ewéi am Summer. |