Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

Chèque vum Club Soroptimist Minett: 1 000 Euro!

2017-11-16

Déi sympathesch Dammen vum "Club Soroptimist Minett" hunn eiser Associatioun e Chèque vun 1 000 EURO iwwerreecht! Dest ass den Erléis vum Betsy Dentzer Nomëtteg a vun der Grill- a Wafelaktioun virum Supermarché. Dësen Don wäert eis Associatioun integral fir de Finanzement vum "Projet de Sécurisation de l'Ecole" vun 2 Schoulen an der Haaptstaadt vu Madagaskar asetzen.
MERCI den engagéierten Dammen vum "Club Soroptimist Minett" fir hiren Asaz!
MERCI jiddferengem, deen de Soroptimisten hir Aktiounen an domatt och eis Projeten ënnerstëtzt huet!