Rentrée an der Ecole Ilanivato2024-09-10Wéi schonn an de leschte Joren konnt d'Schouldirektioun bei der Verdeelung vum Material op déi wertvoll Hëllef vun eise Partnerinnen vum Club Soroptimist vun Antananarivo zielen. Der Madame Misa an hire Kolleeginnen e grousse Merci dofir!
Esou eng grouss Schoul gutt ze geréieren ass schwiereg ouni technesch Hëllefsmëttel. Aus dësem Grond si mir dëst Joer der Direktioun hirem Wonsch no informateschem Material nokomm an hunn e Laptop an eng Imprimante finanzéiert. Dës goufen dann och am Kader vun der Distributioun vum Schoulmaterial iwwerreecht.
E grousse MERCI un all eis Donateuren, déi eis et all Joer erëm erméiglechen, d'Material ze finanzéieren an esou enger Rei malgache Schüler den Zougang zur Bildung vereinfachen.
|