3000 EURO vun den Helsemer Schoulkanner!2018-03-17Di Helsemer Schoulkanner an hir Enseignanten hu vill geschafft an organiséiert, fir dass hire Chrëschtmaart 2017 rem e grousse Succès war! Di formidabel Zomm vun 3000 EURO kruten d'Gaby an d'Françoise stellvertriedend fir eis Associatioun de 16. März 2018 bei enger sympathischer Feier an der Helsemer Schoul iwwerreecht. MERCI den Organisateuern, dem Léierpersonal, de Kanner an hiren Elteren! Mat dëse Suen wäerte mir dem Lycée d'Enseignement Général d'Ambararatabe seng Sportsinfrastrukturen baussen niewent der Schoul finanzéieren. Réischt mat engem Sportsterrain (fir Fussball, Basketball, Volleyball, Pétanque, Liichtathletik), vun deem d'Schüler an di ganz Duerf-Communautéit wäerte profitéieren, kritt des Schoul hiren offiziellen Agrément vum malgachen Edukatiounsministère... eng vun de Konditiounen, ënnert deenen de malgache Staat fir en Deel vun de niddregen Enseignantsgehälter opkënnt. Mam Rescht vun de Suen vun dësem Don vun der Helsemer Schoul finanzéiere mir deenen 150 Schüler hir Sportsuniformen, déi vu Fraen aus Ambararatabe gebutt ginn. |