600 Euro vum "Schu-Athlon" !!!2016-09-28Op Initiative vun der Koppel Claude & Michèle Schulté-Schilt gouf fir di 3. Kéier e "Schu-Athlon" Mamer-Koplescht-Miersch organiséiert. Queesch duerch de Bësch sinn d'Participanten den 10. September 2016 vu Mamer op Koplëscht gelaf a vu Koplescht op Miersch mam Mountainbike gefuer. D'Startgeld gouf integral un eis asbl virugeleet, a gëtt a Büromaterial fir d'Enseignanten aus dene 4 Schoulen investéiert. MERCI fir di flott Initiative vum Michèle & Claude, fir den Asaz an d'Ënnerstëtzung vun dene ville Participanten! |