Sécurisatioun vun der Ecole Santa Lucia2020-03-01Nodeems eis Asbl d'Ecole Santa Lucia am Joer 2018 duerch de Financement vun neie Fënsteren, Dieren an dem Ustrach vum Gebai méi sécher an attraktiv fir d'Schüler gemaach huet an 2019 de Bau vun engem Bloc sanitaire erméiglecht huet, krute mir d'lescht Woch d'Nouvelle, dass déi 2. Phase vun der Sécurisatioun vun der Schoul elo esouwäit ofgeschloss gouf. Ronderëm de Schoulhaff gouf eng stabil Mauer op zolitte Fondamenter gebaut, nodeems Deeler vun der fréierer Mauer vun de Waassermassen an der Reenzäit ewechgerappt goufen. Elo feelen nach eng grouss Paart an eng Dier, déi an nächster Zukunft sollen agebaut ginn an da kënnen d'Schüler sech erëm ganz sécher an der Enceinte vun hierer Schoul bewegen. E grousse Merci un all eis Donateuren, ouni déi mir esou Projeten net realiséiere kéinten! |