News vum Camino2023-08-27Den 20. Juli huet eis Präsidentin Nadine Elcheroth sech zu Irun iwwert de Camino del Norte op de Wee a Richtung Santiago de Compostela gemaach. Säi Wee huet hatt bei Sonn a Reen iwwert d'Plage, duerch Bëscher, iwwer Kraxelweeër a Stroossen gefouert. Geschlof huet hatt meeschtens an Alberguen an Hostelen, awer tëschenduerch och emol an engem Hotel. Um Wee a besonnesch an den Alberguen huet hatt vill interessant Bekanntschafte gemaach, flott Momenter verbruecht an och nei Frëndschafte geschloss. Op Facebook huet d'Nadine all owes op eng super Aart a Weis de Résumé vum Dag gepost (fir all Facebookler ënnert iech, kuckt iech gären emol seng Säit un).
|
Eis Präsidentin um "Camino del Norte"2023-07-26Wärend gutt 6 Wochen geet eis Präsidentin Nadine Elcheroth dëse Summer mam Rucksak um Réck vun Irun a Spuenien iwwert de "Camino del Norte" bis op Santiago de Compostela, dat iwwert 830km, an duerno eventuell nach weider bis Finisterre. Nom Motto "Um Camino fir Mada" wëllt d'Nadine iwwert dës Aktioun Sue sammelen, fir den Ekippement vu malgache Schoulen ze finanzéieren. All Don ass wichteg, all Don ass en zousätzlechen Usporn fir d'Nadine a motivéiert hatt, vill Kilometer an Ustrengungen op sech ze huelen, fir säin Zil ze erreechen.
Gestart ass d'Nadine virun enger Woch an hatt mécht an der Moyenne 40'000 Schrëtt a 25-33km den Dag. Wéi dir an der Galerie heidrënner gesitt, huet hatt scho vill erlieft: flott Vuen, ustrengend Etappen mat ville Kraxelweeër, Iwwernuechtungen a groussen Dortoiren an Herbergen, interessant Begéinungen mat Pilger aus der ganzer Welt a mat Einheimeschen, zum Deel gutt Wanderwieder, awer leider och mol en Dag mat Reen, vill Bulli a rutschege Weeër...
Op Facebook schreift hatt all Dag op senger Säit e flotte Bäitrag iwwert seng Erliefnisser vum Dag a wat hatt alles erlieft huet.
Hatt freet sech iwwert all Don un eis Asbl op de Konto LU23 0030 1517 6692 0000.
Bis gëschter si schonn 5'300€ fir dës Aktioun gespend ginn. E grousse Merci all deenen, déi scho gespend hunn oder dëst nach maache wäerten! |