Bicher-Don vum Lycée Ermesinde2017-03-16Dem "Centre de Documentation et d'Information" C.D.I. aus dem Lycée Ermesinde vu Miersch e ganz grousse MERCI fir den Don vun enger Këscht voller franséischer Bicher, déi an de Schoulen op Madagaskar eng nei Plaz an de Schülerbibliothéike wäerte fannen! |
2 832,50 Euro vun de Bartrénger Schoulkanner2017-03-12Et ass an der Bartrénger Schoul schonn eng Traditioun, datt d'Schoulkanner aus dem Cycle 4 all Joer zesumme mat hiren Enseignanten e grousse Chrëschtmaart organiséieren an den Erléis un eng Associatioun weiderleeden, déi sech fir Kanner asetzt, deenen et net sou gutt geet. Dëst Joer guffen an enger sympathischer Feier am Centre "Atert" 2 832,50 Euro un eis asbl gespent. D'Sue vun de Bartrénger Schoulkanner gi während eiser Missioun am Juli 2017 op Madagaskar agesat, fir Bitzmaschinnen, Kachgeschir a Solarkocher vun ADES (www.adesolaire.org) fir d'Schoulen ze kafen. Ee grousse MERCI un all d'Schüler, d'Elteren, d'Enseignanten an déi Responsabel vun der Bartrénger Gemeng, déi all duerch dës Aktioun dozou bäidroen, datt méi Kanner op Madagaskar d'Méiglechkeet op eng schoulesch Ausbildung kréien. |