![]() | Propose fir d'Statutenännerung2025-05-20Hei kënnt Dir Iech eis Propose fir déi nei Statuten ukucken, iwwert déi an der AGO de 7. Juni ofgestëmmt soll ginn.. Déi aktuell Statuten fannt dir op dëser Säit ënnert der Rubrik "Qui sommes-nous? --> Statuts" ![]() |
![]() | Eng nei Bibliothéik fir de Lycée Ambararatabe2025-05-19D'Reenzäit op Madagaskar ass eriwwer an et kann endlech un der neier Bibliothéik vum Lycée Ambararatabe weidergebaut ginn.
Well d'Unzuel vun de Schüler vu Joer zu Joer méi grouss gouf, huet déi fréier Bibliothéik am Haaptgebai mussen an e Klassesall ëmgewandelt ginn.
Well et besonnesch fir d'Lycéesschüler wichteg ass, Zougang zu Sach-, Lies- a Schoulbicher ze hunn, hu mir eis Partnerschoul vun Ambararatabe iwwer Joren mat Bicher versuergt. Elo iwwerhuele mir déi komplett Käschten vum neie Gebai an dat d'Klassen ab der Rentrée am September d'Bicher consultéiere kënnen.
E grousse Merci un all Donateuren, déi eis d'Realiséierung vun dësem Projet erméiglechen. |